top of page

Déi App déi Äert Film Erliefnis revolutionéiert.

scenert app view_edited.png
Entdeckt, ënnerstëtzt an erlieft déi siwent Konscht wéi ni virdrun!

Iwwert eis

Scenert ass e passionéierte Startup deen eng App fir all Amateur vun Film, Animatioun, Documentaire a vill méi entwéckelt.

 

Scenert verfollegt d'Zil d'Talenter vun der Filmindustrie ervir ze hiewen, souwuel fir Zuschauer wéi och fir déi professionell vum Film.

 

Entdeckt inspiréierend Filmkreatiounen a loosst eis zesummen d'Talenter vun der cinematographescher Welt op nei Héichte bréngen.

spectateurs112_edited.png
D'Erausfuerderung vum Zuschauer

Wat fir Film een soll kucken ass ëmmer eng Erausfuerderung fir d’Zuschauer.

Scenert bitt iech d’ Geleeënheet Filmer op eng nei Aart an Weis kennenzeléieren.

Eis mobil App erlaabt Iech unhand vun Ären Favoritten, nei Wierker ze fannen déi Äre Virléiften entspriechen,an doduerch en aktiven Zuschauer ze ginn deen d’ Talenter vun Muer ënnerstëtzt a vill méi.

2625844.jpg
D'Erausfuerderung vum Kënschtler

Bei Scenert verstinn mir d'Erausfuerderunge vun onofhängege Kënschtler fir op sech opmierksam ze maachen, a mir sinn hei fir dat alles z'änneren.

Duerch eis App kennen mir Filmkënschter eng Plattform gi, an doduerch engem groussen Public méi no bréngen.

Wann Dir e Filmkënschtler sidd, deen op der Sich no der verdéngten Unerkennung an Visibbilitéit ass, dann ass Scenert d’Léisung no der der sicht  fir an déi richteg Luucht geréckelt ze gi, an doduerch spannend an nei Opportunitéiten ze saiséieren.

772930.jpg
D'Erausfuerderung vum Wierk

Nieft de groussen Hollywood-Produktiounen gëtt et eng faszinéierend Parallelwelt déi der Allgemengheet onbekannt ass, déi vun den independent Filmer, Serien, Documentairen an Animatiounsfilmer. Dës eenzegaarteg Kreatiounen ënnerscheede sech duerch hir artistesch Komplexitéit an hir innovativ Approche. 

Scenert engagéiert sech fir dës verstoppte Schätz z'entdecken, fir eng räich a variéiert Kinowelt, wou d'Kreativitéit hir Erfëllung fënnt.


D’App fir d’Frënn vum Kino & Filmer

SCENERT
 

584 SCENERT_sata_1-01 4.png
Kontakt

Kontaktéiert eis

Sidd Dir e Spectateur? Registréiert Iech fir eis Beta Versioun ze testen.

Sidd Dir en Kënschtler? Registréiert Iech an deelt Äre Profil mat eis, fir an eiser Datebank erfaasst ze ginn!

Sidd Dir e Produzent oder Direkter vun engem Wierk? Deelt Är Kreatioun mat eis fir an eiser Datebank erfaasst ze ginn!

Merci.

bottom of page